Sweet Devils (gebuer am Joer 2009 oder virdrun)


1999 huet d'Espérance Esch en éischte Grupp vun Cheerleaders an d'Liewe geruff.

Aus fréieren Turnerinnen an Dänzerinnen, déi an enger éischter Phas Choreographien mat Pomponen an einfachen akrobateschen Elementer virgefouert hunn, ass mat de Joren e Grupp entstane, deen un internationale Meeschterschaften Deel hëlt.

Haut sinn d'Sweet Devils 24 Meedercher am Alter tëscht 14 an 31 Joer, déi 2 Mol d'Woch trainéieren. An Tëschenzäit läit de Schwéierpunkt vum Training op de Level-gerechte Stunte a Pyramiden. Op d'mannst emol d'Joer participéieren d'Sweet Devils un enger Cheerleadermeeschterschaft am Ausland.
 
Am Joer 2019 hu si et op zwou Competitiounen, zu Bottrop an zu Düsseldorf, souguer op déi éischte Plaz an hirer Kategorie gepackt. Hiren Niveau huet sech sécherlech och duerch d'Ënnerstëtzung vun zwee erfuerenen Cheerleader aus Däitschland verbessert, déi d'Sweet Devils vu  2017 bis 2024 gecoacht hunn. D'Sweet Devils sinn awer och weiderhin op villen Evenementer hei am Land am Asaz, wou si haaptsächlech aner Sportler ufeieren an mat kuerzen Optrëtter d'Leit begeeschteren.

2019 hunn d'Sweet Devils sech fir de Summit 2020, d'Cheerleaderweltmeeschterschaft fir Veräiner zu Orlando qualifizéiert. Leider huet de CoVid19 de Meedercher e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. D'Participatioun un dësem speziellen Event huet missten annuléiert ginn.

2022 war och eng erfollegräich Saison fir d'Sweet Devils. Si hunn bei den Elite Championships zu Bottrop an der Kategorie Senior Allgirl Cheer Level 4 déi 2. Platz erreecht an beim SALC zu Düsseldorf an der selwechter Kategorie och déi 2. Platz.

2023 hunn d'Sweet Devils et erëm färdeg bruecht fir sech beim SALC 2023 fir de Summit 2024 ze qualifizéieren. Si hunn souwuel beim SALC 2023 wéi och beim GALC West déi 1. Platz am Level 4 erkämpft.

Domadden war et da kloer datt Devils am Mee 2024 bei der Summit zu Orlando a Florida géingen Deel huelen.

D'Meedercher sinn do an hirer Kategorie am Level 4, déi 2. Ginn. Dës Leeschtung ass bis elo déi bescht Leeschtung am Cheerleading wou eise Veräi konnt erreechen. Mer hu Lëtzebuerg an d'Stad Esch op dëser WM vertrueden.

Mat der Saison 2024-2025 geet dann elo e neit Kapital un. D'Sinikka an de Mark Wilking hu bei eis als Trainer opgehalen. Déi nei Trainer sinn d'Chris Welter (ass bei eis am Veräi grouss ginn a bréngt vill international Erfarung am Cheerleading matt) an d'Sarah Halsdorf (ass och bei eis am Veräin zënter Joren a war en aktive Member vun der Ekipp vum Summit 2024.) Hinnen 2 schenke mer des Saison eist Vertrauen a mer drecken Daumen datt hir Zieler Realitéit ginn.